NewsGefor vu rengem Stëbs an der Loft

Zënter en Donneschden gëtt et eng héich Konzentratioun u rengem Stëbs an der Loft. Meteorologen hunn um Sonndeg eng Warnung erausginn.

Leschten Update: 21.10.2018, 18:09:44

© Eldoradio

Dat dréchent a waarmt Wieder suergt dofir dass den Taux vum renge Stëbs an der Loft zënter en Donneschden d'Grenz erëm iwwerschratt huet. Och um Sonndeg bleift d'Warnung vu Meteolux weiderhi bestoen.

Mënsche mat gesondheetleche Problemer gëtt gerode kierperlech Aktivitéiten dobaussen ze evitéieren.

Dee renge Stëbs ass net gutt fir d'Gesondheet a kann iwwert d'Otemweeër an d'Longe geroden an do Otemproblemer a souguer Häerzerkrankunge verursaachen.