NewsZeienopruff no déidlechem Accident op der N8

Kuerz no 9.00 Auer de Méindeg de Muere kruten sech op der N8 vu Recken op Brouch eng Camionnette an e Camion ze paken.

Leschten Update: 22.10.2018, 15:49:18

© Police

De Camion, dee voll mat Steng beluede war, ass duerch d'Kollisioun ëmgetippt, d'Camionette ass an de Gruef geroden. Wéi et vun der Police heescht, ass beim Accident eng Persoun ëm d'Liewe komm.

4 Persoune goufen iwwerdeems schwéier blesséiert, eng ass mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Spidol komm.

D'Streck ass mëttlerweil nees op.

An deem Sënn mécht d'Police och en Zeienopruff. Et gëtt no Zeie gesicht, déi zum Zäitpunkt vum Accident op der Plaz waren. All Informatioune si fir d'Police vu Miersch ënnert dem (+352) 4997-9500.

© Police






© Police


© Police