NewsReaktioun op Komplikatioune bei der Bréifwal

Vill Leit haten iwwert de Site MyGuichet.lu hir Bréifwal ugefrot, d'Enveloppe ass awer ni doheem ukomm. Déi lescht Etapp wier vergiess ginn.

Leschten Update: 22.10.2018, 16:02:21

© Eldoradio

Eng nei Reegelung huet dëst Joer erlaabt, datt jiddereen d'Bréifwal ufroe konnt, ouni e spezielle Grond unzeginn. Ma vill Leit haten um Site MyGuichet.lu awer Problemer domat a kruten hire Bréif ni.

Wéi et an enger gemeinsamer parlamentarescher Äntwert vum Xavier Bettel an Dan Kersch heescht, géifen di Responsabel, hei den CITE, iwwert d'Schwieregkeete Bescheed wëssen. Vill Leit hätten awer déi lescht Etapp vergiess, déi d'Demande ofgeschloss hätt a sou konnten se keng Bréifwal maachen.

Di betraffe Persounen hunn dofir missten de Walsonndeg selwer an de Walbüro goen an hir Stëmm ofginn.
Links