NewsAnscheinend Läichendeeler vum Khashoggi fonnt

Nom Mord um Jamal Khashoggi mellt Sky News, datt Läichendeeler vum Journalist fonnt goufen. Dat am Gaart vum saudesche Konsulat.

Leschten Update: 23.10.2018, 18:57:26

© AFP/Archives/MOHAMMED AL-SHAIKH

Wéi Sky News en Dënschdeg mellt, solle Läichendeeler vum regime-kritesche Journalist Jamal Khashoggi fonnt gi sinn. De Kierper wier zerstéckelt ginn a säi Gesiicht wier entstellt gewiescht. Dat mellt de Sender a nennt vertrauenswierdeg Quellen, ouni awer konkret ze ginn. D'Läichendeeler sollen am Gaart vum saudesche Konsulat fonnt gi sinn.

Den tierkesche President Erdogan sot en Dënschdeg iwwerdeems, datt jidderee bestrooft misst ginn, deen eppes mam Mord um Journalist ze dinn huet. Dem Erodgan no war de Mord schonn Deeg am Viraus geplangt gewiescht.

De Khashoggi war den 2. Oktober an d'saudi-arabesch Ambassade zu Instanbul gaangen a soll do ëmbruecht gi sinn. Saudi-Arabien schwätzt vun engem Sträit, deen eskaléiert war.

© AFP/John SAEKI