NewsAuto flitt iwwer Rondpoint an iwwerschléit sech

En Dënschdeg ass géint 12.30 Auer bei Konz hei vir an Däitschland e Gefier mat Lëtzebuerger Placken accidentéiert.

Leschten Update: 23.10.2018, 18:55:49

© Saar-Mosel-News/YouTube

Wéi et verschidden däitsch Medie schreiwen, war de Chauffer mat héijer Vitess ënnerwee. Den Auto ass fir d'éischt iwwert eng Verkéiersinsel gerannt, dunn iwwert de Rondpoint geflunn an huet sech iwwerschloen. Wéi et weider heescht, hätt den aggressive Chauffer vun der Police berouegt misste ginn.

Mi spéit hunn d'Beamten erausfonnt, datt de Chauffer scho virdrun zwee aner Ween geschréipst hat.

Hie koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Weider Persoune sollen net am Auto gewiescht sinn.