NewsEU-Kommissioun refuséiert italienesche Budgetsentworf

D'EU-Kommissioun huet en Dënschdeg den italienesche Budgetsentworf refuséiert - dëst ass nach ni virdru gemaach ginn.

Leschten Update: 23.10.2018, 18:55:10

Den italienesche Premier Giuseppe Conte © AFP/Archiv/EMMANUEL DUNAND

D'EU-Kommissioun huet en Dënschdeg den italienesche Budgetsentworf refuséiert. Et ass en historesche Virgang, well dat nach ni virdru virkomm ass. D'Nei-Verscholdung, déi di italienesch Regierung geplangt hat, géif géint d'EU-Reegele verstoussen, sou d'Kommissioun de Mëtteg.

Italien hätt elo 3 Wochen Zäit, nei Pläng virzeleeën.

De Budgetsentworf hat virgesinn, datt Italien vill méi Scholde géif maachen, wéi ufanks virgesi war. D'Scholde vun Italien leien de Moment bei 2,3 Milliarden Euro.