NewsOnwiederen, Schnéi a Stuerm an Europa

An Italien an aner EU-Staten hunn Onwiedere weider schwéier Schied verursaacht. Zënter e Sonndeg sinn an Italien 11 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 30.10.2018, 17:24:27

© AFP/Thierry Zoccolan

An Italien sinn zënter e Sonndeg op mannst 11 Mënschen duerch schro Wiederen ëm d’Liewe komm. Si goufen ënner anerem vu Beem erfaasst oder vu Fassadestécker erschloen. A villen Deeler vum Land gëllt da weiderhin Onwieder-Alarm. Honnerte Schoule bleiwe weiderhin zou. Zu Venedeg stoung d'Markusplaz dan no villem Ree méi wéi 1m50 ënner Waasser.

Och an Éisträich, Kroatien an an der Schwäiz maachen d’Onwiedere Problemer. An Éisträich kéint et zu schroen Iwwerschwemmunge kommen. D'Brenner-Autobunn huet zäitweis wéinst Bullislawinen well zou gemaach ginn.





A Frankräich haten en Dënschdeg no engem Wanter-Abroch iwwer 1.000 Menagen kee Stroum méi. Bei Lyon sinn eng 800 Autoen am Schnéi stieche bliwwen.