NewsEe weidere fixe Radar soll op de Léierhaff kommen

Wéi den Transportminister confirméiert huet, kéint op de Léierhaff ee weidere fixe Radar kommen.

Leschten Update: 05.11.2018, 09:42:21

© eldo archiv

Et soll ee weidere fixe Radar op de Léierhaff kommen, tëscht Groussbus an Hierheck. Dat huet den Transportminister François Bausch eise Kollegen vun RTL confirméiert. Ponts&Chaussées wäerten awer als éischt eng Etüd maachen fir dee perfekte Standuert ze fixéieren. Domat reagéiert een op déi deels schlëmm Accidenter, déi an de leschte Joren do geschitt sinn. Nieft dem fixe Radar sollen och Leitplanken um Léierhaff installéiert ginn.