
© LUDOVIC MARIN / AFP
Déi zoustänneg Autoritéiten am Gesondheetswiese sollen elo zesumme kläre wat d'Grënn dofir sinn, dass virun allem do verstäerkt Kanner ouni Hänn oder Äerm op d'Welt kommen. Dat huet déi franséisch Gesondheetsministesch Agnès Buzyn an engem Interview mat BFMTV annoncéiert.
Bis ewell hunn Tester keng Resultater bruecht. E puer Ëmweltschützer gi vu Pestiziden als méiglech Ursaach aus, well d'Fäll ëmmer a ländleche Regiounen opdauchen. Anerer schwätze vu méigleche Gendefekter. Bis ewell gëtt et och dofir keng Beweiser.
Der Ministesch no misst een elo d'Geschichte vun de concernéierte Famillje méi genee ënnersichen. Et kéint een et op jiddefalls net dobäi beloossen.
Éischt Resultater vun den neien Tester solle bis Enn Januar virleien, ee komplette Rapport dann am Juni d'nächst Joer.