NewsBilan vun der Halloween-Nuecht

Wéi d'Police mellt, koum et an der Halloween-Nuecht zu e puer klenge Virfäll uechter d'Land.

Leschten Update: 01.11.2018, 16:56:32

© Eldoradio

Wéinst vereenzelte Fäll huet d'Police an der Halloween-Nuecht misste geruff ginn. Zu Ell gouf et een Asaz op engem Bal. Hei war eng Kläpperei gemellt ginn, déi awer eriwwer war wéi d'Beamten op d'Plaz koumen. Beim Gespréich koume weider Zeien dobäi déi vun engem Schued um Affer sengem Auto erzielt hunn. Eng Grupp Jugendlecher konnt do fonnt ginn a gouf kontrolléiert. Et gouf en Protokoll geschriwwen.

Op engem Bal zu Hëpperdang ware Jonker opgefall, déi Kürbissen op engem Bauerenhaff am Virhaff duerch d'Géigend gehäit hunn. Heibäi gouf och eng Paart vun enger Scheier beschiedegt. D'Police huet missten agräifen an dem Ganzen en Enn setzen. D'Kürbisse waren aus dem Noper sengem Gaart geklaut ginn. Wéinst dem Schued un der Paart kéint och hei en Protokoll op déi Jugendlech zoukommen.

Um 11 an der Nuecht huet eng Fra vun Téiteng der Police gemellt dass Jonker mat Eeër op hiert Haus géife schéissen. Dëst hätt si souwäit net gesteiert bis se op eemol och Knupperten a Steng geschoss hunn.

Och zu Esch/Uelzecht gouf mat Eeër op eng Fassade gehäit. Hei konnt d'Police déi Schëlleg net méi untreffen.

Zu Beefort huet eng Fra misste feststellen dass e Schëld vun engem Graf geklaut gouf.