NewsNo Iwwerfall zu Esch schwieft d'Affer a Liewensgefor

Zu Esch gouf eng Fra dëse Freideg ugegraff. Si schwieft a Liewensgefor. Den Täter gouf verhaft.

Leschten Update: 02.11.2018, 12:39:48

© eldo archiv

Zu Esch gouf eng Fra géint 8h30 dëse Freideg Mueren mat engem Hummer op de Kapp geschloen.  Den Täter huet sech direkt duerch d’Bascht gemaach, konnt awer mat Hëllef vun Zeienaussoen vun der Police gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft. Hien kënnt nach haut virun den Untersuchungsriichter Éischten Informatiounen no schwieft d’Affer a Liewensgefor. D'Police huet eng Enquête opgeholl.