NewsRepublikaner an Demokraten deele sech den US-Kongress

D'Republikaner an den Donald Trump mussen sech d'Muecht an Zukunft mat den Demokraten deelen. Den US-President schwätzt trotzdeem vun engem Succès.

Leschten Update: 07.11.2018, 18:42:12

© AFP/Frederic J. BROWN

D’Republikaner vum US-President Trump hunn Héichrechnungen no bei de Kongress-Walen hir Majoritéit am US-Senat ausgebaut. Den US-President huet sech an enger éischter Reaktioun op Twitter zefridde gewisen a schwätzt vun engem grousse Succès.

D’Demokraten hunn dogéint eng Majoritéit am Representantenhaus erreecht. Domat kënnen d’Demokraten dem Trump d’Regéiere méi schwéier maachen. Si kënne Gesetzesprojete blockéieren oder Ermëttlungen decidéieren. D'Demokraten hunn da schonn annoncéiert, dem Trump ganz genee wëllen op d'Fanger ze kucken.

D'Wäisst Haus huet da well en Appell un Demokrate gemaach, an Zukunft keng Zäit mat Enquête géint de President ze verléieren, mä sech op dat ze konzentréieren firwat d'Leit se gewielt hunn.