NewsStudentefoire den 8. an 9. November

An der Luxexpo um Kirchbierg gëtt den 8. an 9. November déi 32. Editioun vun der Studentefoire organiséiert.

Leschten Update: 08.11.2018, 05:39:12

© dpa/AFP/Archiv/Uwe Anspach

Wann een nach net richteg weess wat ee studéiere soll oder ee Froen zu engem Studium huet, da sollt een den 8. an 9. November op d’Studentefoire an d’Luxexpo um Kierchbierg laanscht goen. De Studente-Vertrieder ACEL a seng Studentencercelen informéieren ënner anerem iwwert Studiëgäng, d'Studenteliewen a Studenteboursen. Och eng Rei Unien an Héichschoulen aus verschidde Länner stellen hir Studien-Offere vir an och Lëtzebuerger Betriber an Instanzen sinn op der Plaz.  D’Foire ass op vun 10h00-18h30.