News307. Masseschéisserei an den USA

An enger Bar zu Thousand Oaks am US-Bundesstaat Kalifornien huet een Ex-Zaldot ëm sech geschoss. 12 Mënschen an hie selwer si gestuerwen.

Leschten Update: 09.11.2018, 07:26:05

© Frederic J. BROWN / AFP

No der déidlecher Schéisserei en Donneschdeg an enger Bar am US-Bundesstaat Kalifornien ginn et nei Detailer. Dee Mann deen zu   Thousand Oaks ëm sech geschoss huet, war ee fréieren US-Zaldot. Den 28-järegen huet 12 Mënschen erschoss. Duerno soll hien sech selwer d’Liewe geholl hunn. De Mann war der Police wéinst verschidde méi klengen Delikter bekannt. D’Motiv vum Attentat ass weiderhin onkloer. Wéi US-Medie schreiwen, wier et dëst Joer well déi 307. Masseschéisserei gewiescht.


© Google Street View


© GoogleMaps