NewsBus an der Stad bei Kläpperei beschiedegt

Wéi et vun der Police heescht koum et den Donneschdeg géint der Mëtteg an der Stad an der Avenue Monterey zu enger Ausernanersetzung an engem Bus.

Leschten Update: 08.11.2018, 13:11:29

© Eldo

Op engem Arrêt haten 2 Männer vu baussen déi hënnescht Dier vum Bus futti geschloen. Am Beräich vum Agang koum et dunn zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht de Männer, woubäi déi viischt Fënster zerstéiert gouf.

D'Männer hu sech dunn a Richtung Märel duerch d'Bascht gemaach. Do konnten se awer gepëtzt ginn. Déi 2 haten ze déif an d'Glas gekuckt.