NewsFuerverbueter zu Köln a Bonn fir Abrëll 2019

Déi däitsch Ëmwelthëllef huet d'Fuerverbuet fir Diesel-Autoen zu Köln a Bonn den Donneschdeg viru Geriicht erreecht.

Leschten Update: 08.11.2018, 14:41:26

© Daniel Bockwoldt / dpa / AFP

Zu Köln a Bonn musse vun Abrëll 2019 u Fuerverbueter agefouert ginn. Dëst huet d'Verwaltungsgeriicht zu Köln den Donneschdeg an engem Uerteel no enger Klo vun der däitscher Ëmwelthëllef entscheet.

D'Ëmwelt- a Konsumenteschutzorganisatioun hat do virdru schonn an e puer anere Stied Fuerverbueter fir Dieselautoe viru Geriicht erreecht.