NewsChantier op der E411 bis Abrëll 2019

Vill Leit sti moies wéi och owes wéinst dem Chantier tëscht Sterpenech an Arel am Stau. Dësen soll dëst Joer dann net méi fäerdeg ginn.

Leschten Update: 08.11.2018, 15:55:15

© Eldoradio

De Chantier op der E411 direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz soll elo awer eréischt am Abrëll 2019 fäerdeg sinn. Dat huet d'SOFICO, ënnert anerem responsabel fir d'Autobunnen an der Wallonie, en Donneschdeg annoncéiert. Mëtt September hat de Chantier tëscht Sterpenech an Arel ugefaangen an ufanks gouf festgehalen, datt d'Aarbechten am Dezember ofgeschloss kéinte sinn.

Wéi et weider am Schreiwes heescht, wier ee mat den Aarbechte gutt viru komm, ma awer kéint een net éischter fäerdeg ginn. A Richtung Belsch si vu Mëtt Dezember awer nees 120 km/h erlaabt, a Richtung Lëtzebuerg sinn zwou Spuren disponibel, dat awer mat enger Vitesslimitatioun.

Op där Plaz brauchen d'Automobilisten also weider Gedold.


Links