NewsZanter dem 5. November vermësste Persoun gouf fonnt

D'Police huet en Donneschdeg am spéide Nomëtteg eng Vermësstemeldung erausginn, kuerz drop koum d'Nouvelle, dass de Mann fonnt gouf.

Leschten Update: 08.11.2018, 18:23:26

© Eldoradio

Zënter e Méindeg dem 5. November 2018 géint 19.00 Auer war en 80 Joer alen Awunner aus der Stad vermësst ginn. Hie war fir d'lescht um Parking vun der Kockelscheier an der Géigend vum Sportzenter gesi ginn. Wéi d'Police géint 16.30 Auer gemellt huet, gouf de Mann erëm fonnt.