News2 Doudeger bei Messerattack zu Melbourne

No der Messerattack am australesche Melbourne huet den IS d'Dot revendiquéiert. Den Ugräifer gouf vun der Police erschoss.

Leschten Update: 09.11.2018, 15:46:43

© AFP/WILLIAM WEST

De Freideg war e Mann an der Milliounemetropol op d'Leit lassgaangen. Eng Persoun ass dobäi ëm d'Liewe komm, zwou weiderer goufe blesséiert. Den Ugräifer selwer ass vun der Police erschoss ginn. De Mann wier der Police scho méi laang bekannt gewiescht.

Wéi et heescht solle Gasfläschen am presuméierten Täter sengem Auto fonnt gi sinn. Et geet een dovun aus, dass hie virun der Attack nach en Auto a Brand gestach hat. Duerno ass de Mann nach op Policebeamte lassgaangen.



D'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Messerattack zu Melbourne mëttlerweil revendiquéiert. Dat schreiwe verschidde Medien a beruffen sech op d'Amak News Agency, d'Noriichteportal vum Islamesche Staat.