NewsFestnam zu Lëtzebuerg wéinst illegalem Glécksspill

Zu Lëtzebuerg goufen an der Affär ronderëm illegal Sportswetten a Glécksspill 8 Haiser duerchsicht an eng Persoun festgeholl.

Leschten Update: 09.11.2018, 13:54:19

© Europol

Wéi et vun Europol heescht goufen et an enger grouss ugeluechter Aktioun géint illegal Glécksspiller a Sportswette Perquisitiounen zu Lëtzebuerg an a Portugal, dat vum 6. bis den 8. November. Dobäi goufen nieft 267 Haiser a Portugal och 8 Haiser zu Lëtzebuerg duerchsicht,

1 Verdächtege gouf hei am Land festgeholl. Wéi et heescht, hätten d'Ermëttlungen d'Strukture vun enger transnationaler krimineller Organisatioun opgedeckt, déi zu Lëtzebuerg, der Belsch, Portugal an der Schwäiz operéiert hätt.





Esou sollen déi kriminell a Portugal an zu Lëtzebuerg ronn 80 Milliounen Euro mat hiren illegalen Aktivitéiten ageholl hunn.