NewsFrankräich hat e Ryanair-Fliger saiséiert

Ryanair hat Subside kritt, déi net ganz legal waren. Déi hat d'Fluchgesellschaft awer bis elo net zeréckbezuelt - deemno gouf ee Fliger saiséiert.

Leschten Update: 09.11.2018, 19:40:54

© dpa/AFP/Archiv/Marcel Kusch

Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, hat Frankräich e Fliger vun der Bëlleg-Airline Ryanair saiséiert. De Fliger mat 149 Passagéier u Bord war en Donneschdeg den Owend ënnerwee op London, wéi en zu Bordeaux um Fluchhafe gestoppt ginn ass. Si konnte mat 5 Stonne Retard mat engem anere Fliger op London fléien.

Hannergrond ware Scholden, déi Ryanair engem Departement a Frankräich dee Moment nach net zeréckbezuelt hat. Wéi et elo heescht, hätt Ryanair dës Suen e Freideg de Mëtteg awer iwwerwisen. Hei huet et sech ëm 525.000€ gehandelt.