NewsPrisonéier dee fortgelaf war gouf gepëtzt

E Freideg am fréien Owend ass e Prisonéier aus dem CHL fortgelaf. E puer Stonnen drop gouf hie scho nees festgeholl.

Leschten Update: 09.11.2018, 21:56:59

© Police

Wéi d'Police e Freideg den Owend matgedeelt huet, war géint 17.00 Auer e Prisonéier aus dem CHL an der Rue Nicolas-Ernst Barblé fortgelaf. E puer Stonnen drop konnt de Mann am Rollengergronn immobiliséiert ginn.

Och mam Helikopter gouf nom Mann gesicht.