NewsIwwerfall op en Zeitungsbuttek zu Bäreldeng

Nodeems den Täter e Freidegowend de Buttek an der Route de Luxembourg zu Bäreldeng iwwerfall hat, ass hien a Richtung Stad geflücht.

Leschten Update: 10.11.2018, 12:43:46

© Police Luxembourg

Kuerz viru 17.00 Auer e Freideg gouf en Zeitungsbuttek an der Route de Luxembourg zu Bäreldeng iwwerfall. Den Täter hat de Verkeefer mat engem Messer menacéiert, fir d'Suen aus der Kees ze kréien. Duerno ass hien zu Fouss a Richtung Stad geflücht.

Nom Mann gëtt deemno nach ëmmer gesicht.

Hien ass tëscht 40 a 50 Joer al, vu korpulenter Statur a nordafrikaneschen Originnen. Hien hat de Moment vum Iwwerfall e groe Pullover mat Kaputz an eng blo Jeansbox un a huet Franséisch geschwat.

Wien eppes weess, soll sech bei der Police mellen.