NewsGoût vu Kéis gesetzlech net geschützt

De Goût vu Kéis vun engem Produit ass gesetzlech net geschützt - dat huet den Europäesche Geriichtshaff en Dënschdeg de Moien festgestallt.

Leschten Update: 13.11.2018, 12:28:26

© AFP/File/Charly Triballeau

Deemno huet en Hiersteller vu Liewensmëttel keen Urheberrecht op de Goût vu sengem Produit. Geklot hat d'Entreprise Levola aus Holland.

Levola no hätt eng aner Entreprise de Goût vun engem vun hire Kéise geklaut.

Par Rapport zu Filmer oder Musek ass de Goût vu Liewensmëttel net präzis an objektiv miessbar, domat géif et och keng Verletzung vum Urheberrecht ginn.