NewsLëtzebuerger Polizisten dierfen am Ausland wunnen

Zanter der Policereform dierfen d'Polizisten hire Wunnsëtz an d'Ausland verleeën.

Leschten Update: 15.11.2018, 14:36:19

© eldo archiv

Lëtzebuerger Polizisten dierfen zanter der Policereform och am Ausland liewen. D’Gesetz wat dat bis ewell verbueden huet, gouf ofgeschaaft. Dat deelt den zoustännege Minister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro mat.

Et ginn allerdéngs gewëss Aschränkungen, sou de Minister, verschidde Polizisten dierfen weder d’Déngschtwaff nach den Déngschtwon mat an d’Ausland huelen.