
© Argentina Navy / AP Photo / dpa
Um Samschdeg, ee Joer drop, hunn se d'"San Juan" elo an enger Déift vun 907m erëmfonnt. Südlech vu Buenos Aires bei der Hallefinsel Valdés hat en amerikanesche Roboter Erfolleg an et gouf eng positiv Identifizéierung, sou d'Marinn.
Den argentinesche President Mauricio Macri sot d'Land géif sech verflicht fillen d'Wourecht iwwert de Virfall erauszefannen. D'Famillje vun den Affer wären net eleng.
Am Ganze waren 18 Länner un der Sich bedeelegt.