NewsPuer Accidenter op eise Stroossen

Um Samschde Moien war et extrem glaat op eise Stroossen. Dementspriechend gouf et dann och puer Accidenter.

Leschten Update: 17.11.2018, 12:06:11

© AFP

Wéi de CGDIS mellt, goufen et um Samschde Moien puer Accidenter op eise Stroossen.
Op der A7 Richtung Norden hat sech en Auto hannert dem Tunnel Stafelter op d’Kopp gedréit, hei goufen 2 Persoune blesséiert. 
Zu Habscht war en Auto am Gruef op d’Kopp geroden, hei gouf eng Persoun blesséiert. Och um Rouscht ass en Gefier an de Gruef geroden. Hei goufen am ganzen 2 Persoune verwonnt.
Um CR121 tëscht Jonglënster an dem Blummendall war en Auto géint e Bam gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.