
© Eldoradio
D'Police mécht een Zeienopruff. De 27. Oktober koum et zu héijem Materialschued un engem Zuch dee vu Miersch a Richtung Stad ënnerwee war. Engem Kontrolleur war beim Ukommen op der Stater Gare opgefall, dass 8 Fënstere vun 2 Ween mat engem Rettungs-Hummer ageschlo goufen. Méiglecherweis goufen d'Fënstere wärend dem Trajet tëscht 18:39 an 19:10 beschiedegt.
Da mellt d'Police nach ee Fall vun Déierequälerei. Géint 11h00 dëse Sonndegmuere gouf an der Stad an der Rue Abbé François Lascombes beim „Englesche Gaard" eng doudeg Katz fonnt. Et geet een dovun aus, dass d'Déier schlëmm mësshandelt gouf.
A béid Fäll sinn all eventuell Informatioune fir d'Police vun der Stater Gare (Tel.: 2442-9500).