
© Eldo Mobile Reporter
Wéi et vun der Police heescht war deen an der Rue du Château an enger ugebauter Scheier vun engem verloosse Bauerenhaff ausgebrach. D'Pompjeeë konnten de Brand ënner Kontroll bréngen an en Iwwergräifen op d'Nopeschhaiser verhënneren.
D'Scheier gouf duerch d'Feier awer komplett zerstéiert.
Well d'Brandursaach net kloer ass huet de Parquet eng Enquête vun der Police Judiciaire ordonnéiert. Wéi den 112 schreift gouf beim Asaz ee Pompjee liicht blesséiert.