
© Josh Edelson / AFP
US-Institutione warne virun de Konsequenze vum Klima-Wandel. D’Temperature solle weider klammen, an et gi vill Drëschent, weider Bränn a vill Onwieder erwaart. Dës hätt och drastesch Konsequenzen op déi amerikanesch Landwirtschaft an op den Tourismus. D’Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt d’Menschen fir dës Changementer verantwortlech sinn.
Den US-Präsident Trump huet virun e puer Wochen an engem Interview gesot, hie géif de Klimawandel net bestreiden. Allerdéngs géif hien drun zweifelen, datt d’Mënschen dorunner Schold sinn.