
© Roberto Millich – Elvinger Hoss Prussen
Wärend der "Orange Week" vum 24. bis den 31. November wëllen Institutiounen an Organisatiounen op déi (sexuell) Gewalt géigeniwwer Fraen opmierksam maachen. An dësem Kader hu sech um Freideg ronn 300 Mataarbechter an der Stad fir e Flashmob versammelt.

Och a weideren europäesche Länner sinn dëse Weekend Demonstratiounen zum Thema geplangt. Schonn eleng zu Paräis waren 30.000 Fraen a Männer ënnerwee. Och zou Roum, Athen, Genf an an anere Stied gouf et Protester, fir op d'Gewaltproblematik opmierksam ze maachen.
De 25. November ass den internationalen Dag géint sexuell Gewalt géigeniwwer Fraen.
Den 8. Mäerz ass den Internationale Fraendag. Dëse kéint zu Berlin en offizielle Feierdag ginn. D'Parteien SPD, déi Lénk an déi Gréng, déi zesummen am Landtag regéieren, hunn dofir ofgestëmmt.