NewsZu Lëtzebuerg soll de Cannabis legaliséiert ginn

De Cannabis soll zu Lëtzebuerg legaliséiert ginn. Dat soll d'3er-Koalitioun decidéiert hunn. Sou mellt et den 100,7.

Leschten Update: 27.11.2018, 13:25:39

© afp

Am Kader vun de Koalitiounsverhandlunge komme lues e a lues Detailer eraus, wat an den Accord soll stoe kommen. Wéi den 100,7 en Dënschdeg mellt, wieren d’Koalitiounspartner sech eens ginn, dass de Cannabis soll legaliséiert ginn. Ee fixen Delai oder Zäitplang fir d’Aféierung stéing awer nach net fest. 

RTL-Informatiounen no wier ee sech ausserdeem eens ginn,  fir de Salariéen zwee supplementär Congésdeeg am Joer ze ginn. Ee vun dësen Deeg wier een neie Feierdag an zwar den Europadag den 9. Mee.