NewsRessorte goufen ënnert de Parteien opgedeelt

D'Regierung huet e Freideg matgedeelt, wéi eng Partei wéi e Ressort déi nächst 5 Joer iwwerhuele wäert. De Koalitiounsaccord gëtt e Méindeg ënnerschriwwen.

Leschten Update: 30.11.2018, 17:44:20

© Eldoradio

Wéi et an engem Schreiwes vun der Regierung heescht, soll de Koalitiounsaccord e Méindeg den Owend ënnerschriwwe ginn.

Um 15.00 Auer ass déi lescht Plenière am Ausseministère, um 17.00 Auer soll den Accord dann ënnerschriwwe ginn. Den Accord gëtt vum Formateur Xavier Bettel a vun de jeeweilegen Delegatiounscheffen ënnerschriwwen: Corinne Cahen (DP), Étienne Schneider (LSAP) Félix Braz (déi gréng).Och d'Opdeelung vun de Ressorten gouf e Freideg matgedeelt.


Wéi scho spekuléiert ginn ass, soll de Poste vum Vice-Premier effektiv tëscht der LSAP an déi gréng opgedeelt ginn. De nei geschaafte Ministère fir Digitaliséierung geet un d'DP. De Gesondheetsministère geet un d'LSAP an dee vun der Verdeedegung un déi gréng.

Hei d'Opdeelung vun de Ressorten:

DP

•             Premier ministre, ministre d’État

•             Ministre des Classes Moyennes

•             Ministre des Communications et des Médias

•             Ministre des Cultes

•             Ministre de la Digitalisation

•             Ministre de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

•             Ministre de l'Enseignement supérieur et de la Recherche

•             Ministre de la Famille et de l'Intégration

•             Ministre des Finances

•             Ministre de la Fonction Publique

•             Ministre à la Grande Région

•             Ministre de la Réforme administrative

•             Ministre aux Relations avec le Parlement

•             Ministre du Tourisme

 

LSAP

•             Vice-Premier ministre

•             Ministre des Affaires étrangères et européennes

•             Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

•             Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire

•             Ministre de l’Économie

•             Ministre de l’Égalité entre les Femmes et les Hommes

•             Ministre de l’Immigration et de l’Asile

•             Ministre de l’Intérieur

•             Ministre de la Protection des Consommateurs

•             Ministre de la Santé

•             Ministre de la Sécurité sociale

•             Ministre des Sports

•             Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire

               

déi gréng

•             Vice-Premier ministre

•             Ministre de l’Aménagement du Territoire

•             Ministre de la Culture

•             Ministre de la Défense

•             Ministre de l’Énergie

•             Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable

•             Ministre de la Justice

•             Ministre du Logement

•             Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

•             Ministre de la Sécurité intérieure



Wéi de Formateur Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz matgedeelt huet, kann déi nei Regierung de nächste Mëttwoch de Mëtteg, de 5. Dezember, vereedegt ginn. Datt dat awer méiglech ass, mussen d'Partei-Gremien en Dënschdeg den Owend zesumme komme fir den Text vum Koalitiounsaccord ze approuvéieren, wéi och d'Ressort-Verdeelung festzeleeën.

Zesumme mat den Delegatiounscheffen Corinne Cahen (DP), Etienne Schneider (LSAP) a Felix Braz (déi gréng) sinn déi éischt Detailer a grouss Linne presentéiert ginn.

De Xavier Bettel

Wéi d'Corinne Cahen confirméiert huet, soll den ëffentlechen Transport gratis ginn. Weider gëtt och de Netto-Mindestloun ëm 100€ netto gehuewen. Als Konterpartie geet d’Betribssteier ëm 1% zréck. Et soll iwwerdeems nëmmen nach eng Steierklass ginn. Familljen mat Kanner ginn entlaascht an d'Maisons Relaisen gi wärend der Schoulzäit gratis. D'Contraceptioun soll mat Ordonnance dann och gratis ginn. Des Weideren war et d’Nouvelle, dass en Digitaliséierungsministère geschaafe gëtt.

Vum Etienne Schneider heescht et dann, datt de legale Congé op 26 Deeg klëmmt an den Europadag den 9. Mee e weidere fräien Dag gëtt. Den Index bleift da bestoen an d'Pensioune ginn déi nächst 5 Joer net erof. Hien huet och ugekënnegt, dass een eegene Ministère vun der protection des consommateurs geschaaft gëtt. De sougenannten Tiers payant ass an enger éischter Zäit dann fräiwëlleg. De generaliséierten Tiers payant kënnt deemno net direkt.

Den Etienne Schneider

De Felix Braz sot, datt Lëtzebuerg fir den 31. Dezember 2020 aus Glyphosat erausklëmmt, ausserdeem soll d’Biolandwirtschaft bis 2025 ëm 20% erop goen. Den Tramsreseau gëtt iwwerdeems bis op Hollerech, d'Areler Strooss, Zéisseng an Esch ausgebaut an de Busreseau gëtt reforméiert, dat mat neie Busspuren. D'CFL soll deemno och moderniséiert ginn.


Lauschtert hei de Reportage

Och de Cannabis soll den Delegatiounscheffe no legaliséiert ginn. Den Text mat den Detailer a Konditiounen muss awer nach ausgeschafft ginn. En Datum gëtt et nach net,