NewsArméierten Iwwerfall zu Mamer  

Zu Mamer goufen 2 jonk Männer vun arméierten Täter iwwerfall.

Leschten Update: 03.12.2018, 11:13:29

© eldo

Zu Mamer am Park goufen zwee jonk Männer dëse Sonndeg Owend iwwerfall. D’Täter déi ee Messer an eng Pistoul dobäi haten, hunn di 2 Männer opgefuerdert, sech op de Buedem ze leeën.  

Si hunn d‘Affer ausgeraubt  a si mat de geklaute Saachen fort gelaf -  dorënner ee schwaarze Rucksak vun der Mark Ronway mat Lautsprecher vun der Mark JBL Xtreme 2, ee schwaarzen iPhone 7, ee futtissen Handy vun der Mark Samsung, een iPhone Kabel, d'Buch "Les enfants-rats", grad wéi eng rout Jackette vun der Mark Ameriva Today.

Ee vun den Täter war circa 1m80 grouss, korpulent, ganz schwaarz ugedoen an huet Lëtzebuergesch mat Accent geschwat.

Deen 2. Täter war och circa 1m80 grouss, korpulent, a ganz schwaarz ugedoen.