NewsSteiererhéijung op Sprit a Frankräich op Äis geluecht

Déi geplangte Steiererhéijung op Bensin an Diesel a Frankräich gëtt bis op Weideres op Äis geluecht, dat wéinst de Protester vun de "gilets jaunes".

Leschten Update: 04.12.2018, 14:17:43

© AFP/FRANCOIS GUILLOT

Am Konflikt mat der sou genannter "gilets jaunes"-Protestbeweegung wëll déi franséisch Regierung déi geplangten Ekosteier um Diesel an um Bensin bis op Weideres op Äis leeën. Dat huet de franséische Premier Edouard Philippe en Dënschdeg de Mëtteg an enger Deklaratioun op der Tëlee confirméiert.

Wéi et de Premier Philippe sot, dierft keng Steier rechtfäerdegen, datt een d'Eenheet vun enger Natioun a Gefor bréngt. Frankräich verréckelt domat d'Ekosteier op Diesel a Bensin no hannen.

D''Erhéijung gëtt deemno fir weider 6 Méint ausgesat. Dës war jo eigentlech fir den 1. Januar 2019 ugekënnegt ginn. Domat hunn d'Protester also éischt politesch Konsequenzen.

Den Edouard Philippe