NewsBrexit-Erklärung kéint zeréckgezu ginn

Wéi en Affekot vum Europäesche Geriichtshaff en Dënschdeg de Moie confirméiert huet, kéint de Brexit zeréckgezu ginn.

Leschten Update: 04.12.2018, 10:42:52

© AFP/Daniel LEAL-OLIVAS

Déi britesch Regierung kéint deemno d'Brexit-Erklärung eesäiteg réckgängeg maachen. Den Affekot huet dem Gericht de Moie proposéiert, an engem Uerteel festzehalen, datt den Artikel 50 iwwert den Austrëtt aus der Unioun dëst zouloosse géif.

Vun en Dënschdeg u gëtt jo am britesche Parlament iwwert den Accord debattéiert, dat déi nächst 5 Deeg laang, 8 Stonne pro Dag. Den 11. Dezember soll dann ofgestëmmt ginn.

Ënnert anerem hat déi schottesch Regierung an Deputéiert vum britesche Parlament wéi och vum Europaparlament haten ugefrot, ob Groussbritannien d'Brexit-Erklärung zeréckzéie kéint, ganz ouni Zoustëmmung vun den aneren EU-Memberstaaten.