NewsBommemenace op Postbüro zu Frankfurt

De Verdacht op eng méiglech Bommemenace op den Haaptbüro vun der Post zu Frankfurt/Oder en Dënschdeg de Moie konnt net bestätegt ginn.

Leschten Update: 04.12.2018, 12:59:25

© dpa/AFP/Archiv/Friso Gentsch

Zu Frankfurt un der Oder war wéinst enger Bommemenace den Haaptbüro vun der Post en Dënschdeg de Moie groussraimeg ofgespaart ginn. Wéi d'Police vu Brandenburg op Twitter matdeelt, war e Groussasaz vun der Police a Spezialunitéiten op der Plaz. Wéi et weider heescht, wier d'Menace iwwert Telefon erakomm, Unhaltspunkte fir eng reell Gefor goufen et awer keng.

Am Gebai an och ronderëm ass schlussendlech keng Bomm fonnt ginn, sou huet et d'Police vu Brandenburg géint 12.30 Auer confirméiert. D'Stroosse si mëttlerweil nees all fir de Verkéier op.

Zënter méi wéi engem Joer sicht d'Police nom sougenannten DHL-Erpresser, deen eng Partie Bréifbomme verschéckt hat. Ob et hei en Zesummenhang gëtt, ass net gewosst.