NewsZu Elleng huet en Daach vun engem Haus gebrannt

Zu Elleng bei Munneref stoung e Méindeg den Owend géint 18.40 Auer en Daach vun engem Haus a Flamen. Eng Persoun ass hei blesséiert ginn.

Leschten Update: 04.12.2018, 11:25:02

© CGDIS

Wéi et de CGDIS matgedeelt huet, hätt den Daach komplett gebrannt, en Iwwergräife vum Feier konnten d'Pompjeeën awer verhënneren an um 20.30 Auer war de Brand ënnert Kontroll. Géint 23.30 Auer ass et un d'Noläschaarbechte gaangen an iwwert d'Nuecht ass opgepasst ginn, datt et net nees ufänkt mat Brennen. 55 Pompjeeë waren am Asaz. Et soll eng Persoun blesséiert gi sinn.