NewsAusernanersetzung a Foyer op der Bungerefer Millen

D'Police mellt eng Kläpperei vun e Méindeg den Owend an engem Foyer - eng Persoun muss sech en Dënschdeg virum Untersuchungsriichter veräntwerten.

Leschten Update: 04.12.2018, 12:14:03

© Eldoradio

E Méindeg den Owend ass et géint 19.50 Auer an engem Fouer op der Bungerefer Millen zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Awunner komm. Ënnert anerem ass e Messer séchergestallt ginn. Wéi d'Police mellt, huet eng Persoun, déi de Sträit ugefaangen hat, och eng Fënster futti geschloen a sech dobäi blesséiert. Dës konnt vum Sécherheetspersonal an aneren Awunner immobiliséiert ginn. De Mann koum an d'Spidol an ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Hie kënnt en Dënschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.