NewsSalairë sollen 2019 ëm 2,6% klammen

Dovunner geet de Statec um Dënschdeg aus. Am 4. Trimester 2019 kéint dann déi nächst Indextranche erfalen.

Leschten Update: 04.12.2018, 14:13:05

© dpa/AFP/Archiv/Bernd Wüstneck

Wéi et en Dënschdeg vum Statec heescht, géif de Chômage nächst Joer weider op 5,2% erofgoen. 2018 louch dëse bei 5,5%, 2017 souguer bei 5,9%. D'Inflatioun géif bei 1,9% an de Wirtschaftswuesstem bei 3%. Duerch eng gutt Wirtschaft géifen domat och nei Aarbechtsplazen entstoen.

Am 4. Trimester nächst Joer soll dann déi nächst Indextranche falen. Wéi et vum Statec weider heescht, géif een och weider mat enger Erhéijung vun de Paie rechnen.

D'Salaire sollen deemno ëm 2,6% nächst Joer klammen.

© Statec



Links