NewsExtremwieder: Ëmmer méi markant, ëmmer méi déidlech

D'Joer 2017 geet als bis elo markantsten  Extremwiederjoer weltwäit an d'Geschicht an. 

Leschten Update: 04.12.2018, 17:45:25

© afp

A kengem anere Joer war d’Wieder weltwäit esou extrem wéi 2017, Méi wéi 11.000 Mënschen si bei Stierm, Iwwerschwemmungen an extremer Hëtzt gestuerwen. De finanzielle Schuet läit bei 330 Milliarden Euro. Dat geet aus dem Klima-Risiko-Index vun der Organisatioun Germanwatch ervir.

Vrun allem d’Entwécklungslänner hunn ënnert de Suitten vun Ëmweltkatastrophen gelidden. Awer och räich Industriestaaten kréien de Klimawandel ëmmer méi ze spieren.