
© SIP / Emmanuel Claude

En Dënschdeg den Owend ware Koalitiounsvertrag, Ressorten a Ministere vun de jeeweilege Partei-Gremie guttgeheescht ginn. Deemno krute Blo, Rout a Gréng 3x de Jo fir déi nei Regierung. D'DP waren déi éischt, déi gréng Luucht ginn hunn, déi gréng hate sech och séier decidéiert.
Bei der LSAP huet et da méi laang gedauert. Wéi ënnert anerem d'Kollege vum RTL mellen, wieren et hei eng Partie Wuertmeldunge ginn. Dobäi soll vill Kritik un der Partei geäussert gi sinn. Wéi et heescht, sollen all Partei-Gremie nei besat ginn. Schlussendlech sinn déi eenzel Punkten vun der LSAP awer guttgeheescht ginn.
Wie kritt wéi ee Ressort? Hei den Iwwerbléck:
DP
- Xavier Bettel: Staatsminister, Kommunikatioun a Medien, Kultus, Digitalisatioun, administrativ Reform
- Corinne Cahen: Famill an Integratioun, Groussregioun
- Claude Meisch: Educatioun, Kanner a Jugend, Héichschoul a Fuerschung
- Pierre Gramegna: Finanzen
- Marc Hansen: Fonction publique, Relatioune mam Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung an administrativ Reform
- Lex Delles: Mëttelstand an Tourismus
#ComitéDirecteur #Koalitioun #JO@Xavier_Bettel @CorinneCahen @pierregramegna @MeischClaude @LexDelles @FernandETGEN pic.twitter.com/ml0ceHBodk
— Demokratesch Partei (@dp_lu) 4. Dezember 2018
LSAP
- Etienne Schneider: Vizepremier, Wirtschaft, Gesondheet
- Taina Bofferding: Inneministesch, Chancëgläichheet
- Jean Asselborn: Ausseminister, Immigratioun an Asyl
- Dan Kersch: Aarbecht, sozial a solidaresch Ekonomie, Sport
- Romain Schneider: Landwirtschaft, sozial Sécherheet
- Paulette Lenert: Kooperatioun, Konsumenteschutz
56 Jo, 13 Nee: Eng grouss Majoritéit vum LSAP-Generalrot huet fir déi proposéiert Regierungsequipe gestëmmt! D’LSAP-Regierungsmemberen: Etienne Schneider, Taina Bofferding, Paulette Lenert, Dan Kersch, Romain Schneider a Jean Asselborn. 💪🏻 🌹
— LSAP (@lsap_lu) 4. Dezember 2018
déi gréng
- Felix Braz: Vizepremier, Justiz
- François Bausch: Mobilitéit, Travaux publics, Verdeedegung, bannenzeg Sécherheet
- Sam Tanson: Logement, Kultur
- Carole Dieschbourg: Ëmwelt, Klima, Nohaltegkeet
- Claude Turmes: Energie, Landesplanung
Och déi gréng Regierungsequipe gouf vum Kongress ugeholl, mat 213 Jo-Stëmmen, 2 votes blancs an 2 Abstentiounen. Merci fir Äert Vertrauen an Är Ënnerstetzung! pic.twitter.com/b59V7SHh62
— déi gréng (@deigreng) 4. Dezember 2018
E Mëttwoch de Moien war de leschte Regierungsrot vun der "aler" Regierung.
Wéi déi gréng nach en Dënschdeg den Owend via Communiqué matgedeelt hunn, iwwerhëlt d'Linda Gaasch de Poste vum Sam Tanson am Stater Gemengerot.

Hei d'Schreiwes vun de Gréngen:
Linda Gaasch wird neue grüne Stadträtin
Nach der Nominierung von Sam Tanson in die Regierung wird Linda Gaasch für déi gréng in den Gemeinderat der Stadt Luxemburg nachrücken.
Linda Gaasch, 30, wohnt in Gasperich und hat zuerst Angewandte Fremdsprachen, dann Umweltwissenschaften studiert. Sie arbeitet als umweltpolitische Beraterin der EU-Abgeordneten Tilly Metz.
Durch den geplanten Umzug in eine andere Gemeinde steht Catia Fernandes nicht für den Gemeinderat zur Verfügung; Linda Gaasch ist die Nächstgewählte.
François Benoy übernimmt den Fraktionsvorsitz von déi gréng auf dem Knuedler.
déi gréng Stad Lëtzebuerg danken Sam Tanson für ihren unermüdlichen Einsatz als Gemeinderätin seit 2011 und von 2013 bis 2017 als Schöffin für Mobilität und Finanzen. Sie hat maßgeblich zur Realisierung der Tram und zur Förderung des Fahrradverkehrs beigetragen. déi gréng Stad Lëtzebuerg wünschen Sam alles Gute für ihre neue Herausforderung als Wohnungsbau- und Kulturministerin.
déi gréng Stad Lëtzebuerg
04.12.2018
Liest hei de Communiqué zur Vereedegung:
S.A.R. le Grand-Duc a procédé le 5 décembre 2018 à l’assermentation du Premier ministre, des Vice-Premier ministres et des ministres désignés. Au début de la cérémonie, le chef d'État a signé les arrêtés grand-ducaux relatifs à la formation du nouveau gouvernement. Par la suite, le Premier ministre, suivi des autres membres du gouvernement par ordre de préséance, a procédé à la prestation du serment, consacré dans l'article 110 de la Constitution: «Je jure fidélité au Grand-Duc, obéissance à la Constitution et aux lois de l'État. Je promets de remplir mes fonctions avec intégrité, exactitude et impartialité».