NewsÄerdbiewen an Tsunami-Warnung am Südpazifik

E Mëttwoch de Moie gouf et viru Neikaledonien, ëstlech vun Australien, en Äerdbiewen. Fir d'Gebidder ronderëm gëllen elo Tsunami-Warnungen.

Leschten Update: 05.12.2018, 06:54:27

© AFP/AFP

D'Äerdbiewe virun der Küst vu Neikaledonien hat eng Stäerkt vu 7,5. De Pazifik-Warnzenter huet e Mëttwoch de Moien erkläert, datt d'Küsteregiounen eng 1.000 Kilometer ronderëm d'Biewe riskéieren, vu schwéieren Tsunami-Welle getraff ze ginn.

D'Awunner sinn opgefuerdert ginn, sech a Sécherheet ze bréngen.

Och d'Autoritéite vu Neiséiland hunn eng Warnung erausginn.