NewsEe schwéier Blesséierten bei Accident zu Dikrech

Bei engem Accident am Ausgang vun Dikrech gouf ee Chauffeur a sengem Gefier ageklemmt a schwéier verwonnt.

Leschten Update: 05.12.2018, 12:44:55

© Police

Méi e schwéiert Accident gouf et géint 7h dëse Mëttwoch Mueren am Ausgang vun Dikrech a Richtung Steeën. Een Automobilist war an enger Kéier vun der Strooss ofkomm an an ee Bam gerannt. Doropshin huet den Auto sech e puer mol iwwerschloen an ass widder engem Zonk un d’Hale komm.

D’Rettungsequippen hunn eng Stonn gebraucht fir de Chauffeur aus dem Auto ze befreien. Hie koum mat schwéiere Blessuren an d‘Spidol.