NewsForbes: Angela Merkel aflossräichst Fra vun der Welt

D'Angela Merkel gouf fir d’8. Kéier hannerteneen zur aflossräichster Fra vun der Welt gewielt.

Leschten Update: 06.12.2018, 02:40:19

© afp

Den amerikanesche Forbes-Magasinne huet di däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel op en neits zur aflossräichster Fra vum Joer gewielt. Si huet den Titel domat  fir d’8. Kéier hannertenee kritt.

Op Plaz 2 klasséiert sech di britesch Premier Ministesch Theresa May, virun der Cheffin vum Internationale Wärungsfong, Christine Lagarde. 

D’Forbes baséiert hir Decisioun ënner anerem op Verméigen, Mediepresenz an Afloss vun den Fraen.

Di jéngste Fra op der Lëscht ass di US-amerikanesch Sängerin Taylor Swift op Plaz 68.