NewsRyanair flitt vum Findel op Berlin

Vu Mäerz 2019 u flitt Ryanair vu Lëtzebuerg op Berlin.

Leschten Update: 05.12.2018, 17:15:31

© afp

Di iresch Bëlleg-Airline Ryanair huet eng nei Verbindung vu Lëtzebuerg op Berlin-Tegel ugekënnegt. D’Flich ginn am Mäerz 2019 opgeholl. 4 Mol d’Woch gëtt Berlin da vun Ryanair ugeflunn.

Domat trëtt d’Airline an direkt Konkurrenz mat der Luxair a mam Bëlleg-Konkurrent Easyjet, deen vu Lëtzebuerg op Berlin-Schönefeld flitt.