NewsFuuss spillt nëmme kleng Roll bei Dout vu Kaalwer

Fiiss kënnen nei gebuerene Kaalwer geféierlech ginn. De Ministeren no spillt de Fuuss bei den Doudesfäll awer nëmmen eng ganz kleng Roll.

Leschten Update: 05.12.2018, 16:38:41

© Pixabay

Bei der Veterinärsverwaltung goufen zanter Ufank 2016 zesummen 30 Fäll gemellt an deene jonk Kaalwer gebass goufen, respektiv an deenen ugebasse Kadavere fonnt goufen. Dëst geet aus der Äntwert vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ervir.

Bei liewege Kaalwer, déi duerch Bëss blesséiert goufen, gouf bei all den Analysen DNA vu Fiiss fonnt. Wéi et an der Äntwert heescht, géifen dës Tëschefäll, no deenen d'Déiere meeschtens ageschléifert misste ginn awer eng ënnergeuerdent Roll spillen. Vun de ronn 9'200 Kaalwer, déi an der Moyenne d'Joer géif stierwen, wieren nëmme 0,11% Tëschefäll an deenen de Fuuss als Ugräifer net kéint ausgeschloss ginn.

Links