NewsEenegung op EU-Budget vun 165,8 Milliarde fir 2019

No wochelaangen Diskussiounen hu sech d'Vertrieder vum Europaparlament an de Memberstaaten op en EU-Budget fir dat nächst Joer eenege kënnen.

Leschten Update: 05.12.2018, 17:15:06

© Pixabay

Dëse gesäit e Volume vun 165,8 Milliarden Euro vir. Dat sinn 3,2% méi, wéi nach 2018. Den Accord muss elo nach déi nächst Woch duerch de Plenum vum Parlament a vun de Memberstaaten ugeholl ginn.

Am November konnten sech d'Acteuren net op e Budget eenegen. Doropshin hat d'Kommissioun en neie Budgetsprojet misste virleeën.