
© AFP/Alain JOCARD
De franséische President Emmanuel Macron geet weider op déi regierungskritesch „gilets jaunes“ zou. Déi franséisch Regierung huet déi geplangten Erhéijung vun der Ekosteier op Bensin an Diesel fir dat ganzt d’nächst Joer ausgesat. Dat huet de franséischen Ëmweltminister François de Rugy e Mëttwoch den Owend confirméiert.
Den Drock op de President Macron dierft weider klammen. Nieft de „gilets jaunes“ wëllen elo och Schüler a Baueren op d’Strooss goen. Schüler a Studente ginn den Donneschdeg op d’Strooss fir géint Neireegelunge beim Lycée-Ofschloss a beim Zougang zu der Uni ze protestéieren. D’Baueren hunn da fir d’nächst Woch Demonstratiounen annoncéiert.