News9-Järege kippt Verbuet vu Schnéibull-Schluechten

An der klenger US-Stad Severance war d'Geheie vu Schnéibullen bal ee Joerhonnert laang verbueden. Ee klenge Jong huet dat elo geännert...

Leschten Update: 06.12.2018, 10:20:35

© pexels.com

Bal 100 Joer laang war d'Geheie vu Schnéibullen an der klenger Stad Severance am US-Bundesstaat Colorado streng verbueden. Een 9-järege Bouf huet et elo awer fäerdeg bruecht, dëst Verbuet ze kippen. Hien huet de Gemengerot vum Kannerrecht op d'Schnéibull-Geheien iwwerzeegt.

Wéi et heescht gouf et d'Verbuet zënter 1920, sou al wéi d'Stad selwer. Am Gesetz heescht et, datt d'Geheie vu Géigestänn a Steng géint Mënschen oder Saachen ënnersot ass.

Dem klengen Dane Best no wier dëst ee vill ze alt Gesetz. Hie géif gären eng Schnéibull geheie kënnen, ouni Problemer ze kréien. D'Kanner vu Severance missten deemno och wéi aner Kanner an hirem Alter an anere Stied, déi selwecht Rechter kréien, esou den Dane Best virum Gemengerot.





Nodeems de Gremium seng Argumenter héieren huet, an d'Verbuet formal opgehuewen huet, duerft den Dane als Belounung direkt mat sengem 4-järege Brudder Dax déi éischt legal "Schnéiball-Schluecht" an der Geschicht vu Severance maachen. De Buergermeeschter vun der Stad huet dann och direkt matgehollef...